
WËLLKOMM
Wëllkomm op menger Säit zur Besserung.
Mäin Numm ass Dan Thuy, ech sinn NGH (National Guild of Hypnosis) zertifiéierten Hypnose Therapeut a Mental Coach.
Fir unzefänken vläicht eng kuerz Erklärung wat Hypnose an Hypnosetherapie ass.
Hypnose ass en Zoustand vu verstäerkt konzentréierter Wahrnehmung, déi de Fokus vum Bewosstsinn op d’Ënnerbewosstsinn verleet, do wou Léisungen an Äntwerte kënne fonnt ginn.
Hypnosetherapie kann ee wéi eng Täscheluucht gesinn, déi Liicht op den Ursprong vu verschidden onugepasste Verhalensmuster, Glawenssätz déi net méi stëmmen an negativ Gespréicher mat sech selwer oder och nach op belaaschtend Emotiounen schéngt.
Si erméiglecht den Zougang zu verstoppten eegenen Ressourcen, déi bei der Heelung hëllefen.
D’Weisheet, déi mir an eis hunn mécht eis d’Dieren op zum Potential wat mir an eis droen.

BEI WAT KANN HYPNOSE HËLLEFEN?
Mental Blockaden, emotionale Ballast an onugepasste Glaawenssätz
Heiansdo schleefe mir nach Glawenssätz, mental Blockaden oder emotionale Ballast mat eis ronderëm, déi eis dann oft bremsen, am Wee stinn a verhënneren dass mir eis Ziler erreechen. Si kënne eis d'Liewe schwéier maachen oder verhënneren eis beschtméiglech Leeschtung ofzeruffen. Ganz oft sinn sou Blockaden och am Sport en Thema, zum Beispill wa mir eis Trainigseffekter einfach net ofgeruff kréien wann et drop ukënnt. Mental Stäerkt kann eis Liewen allgemeng an och am Sport hëllefen virun ze kommen.

Schaffe mam "Ënnerleche Kand"
Wann Erfarungen déi mir als Kand gemaach hunn, net opgeschafft ginn an eist "Ënnerlecht Kand" ignoréiert gëtt, verschaaft et sech Gehéier a manifestéiert seng Bedürfnisser besonnesch a Stresssituatiounen. Mir reagéieren dann net op eng mature Aart a Weis, déi net un déi tatsächlech Situatioun ugepasst ass, mee vläicht zudéifst emotional an impulsiv. Mat Hypnose kann een al Wonnen heelen an onugepasste Glawenssätz opléisen fir eng ausgeglache a friddlech Relatioun mat sengem Ënnerleche Kand ze féieren.

Kanner a Jugendlecher
Wa Kanner oder Jugendlecher mat engem niddrege Selbstwäertgefill, Onsécherheeten, Ängschten, Phobien oder anere staarke Gefiller ze kämpfen hunn, kann d’Hypnosetherapie hinnen hëllefen, e gesonden a méi staarken Bezuch zu sech selwer ze entwéckelen. Och Schoulproblemer wéi z. B. Prüfungsängscht, Konzentratiounsschwächten oder Motivatiounsmangel kënnen duerch hypnotherapeutesch Ënnerstëtzung gezielt a ganzheetlech ugepaakt ginn.

Suchtverhalen (z.B. Ophale mat Fëmmen)
Du wëlls endlech a fir ëmmer lass kommen vun den Zigaretten, dem Alkohol oder soss enger Substanz an däi Liewen nees gesond a fräi vun der Sucht liewen? Am Ënnerbewosstsinn fënnt een déi meescht Grënn an Ursachen fir e Suchtverhalen an och d’Verlangen get oft äus dem Ënnerbewosstsinn gesteiert. D’Hypnose erlabt eis den Accès zu dem Ënnerbewosstsinn a kann dech dobäi ënnerstëtzen, d'Ketten vum Suchtverhalen ze sprengen.

Schwieregkeete mam Schlofen
Och wann de Schlof a Schlofstéierungen e komplext Thema sinn, kann Hypnose en Deel zur Besserung bäidroen andeems méiglech Ursaachen am Ënnerbewosstsinn kënne fonnt a behuewe ginn fir esou zu engem verbesserte Schlofverhalen ze féieren.

Vill weider Bräicher:
- Paartherapie - Selbstwäertgefill a Selbstvertrauen - Ënnerstëtzen beim Ofhuelen - Entspaanungshypnose - Ängschten a Phobien - Depressiounen a Burnout - Trennung iwwerwannen - Tinnitus - a villem méi...

PRÄISSER
VIRGESPRÉICH
140 € pro Stonn (60 Minutten), duerno verrechnen ech all 15 Minutten. D'Virgespréich dauert an der Reegel 1 bis 1,5 Stonn
HYPNOSE-SESSIOUN
140 € pro Stonn (60 Minutten), duerno verrechnen ech all 15 Minutten. D'Hypnose-Sessioun dauert an der Reegel 1 bis 1,5 Stonn

RÉCKMELDUNGEN
Léiwen Dan,
ech wollt dir einfach mol eng Kéier Merci soe fir alles wat s du bis elo fir mech gemaach
hues. Nodeems ech schonn eng Rei aner Behandlunge fir meng Depressioun hannert mir hat,
war ech ganz déif ukomm. Duerch puren Zoufall hunn ech deng Adress kritt – an et war
definitiv meng Rettung.
Zënter ech bei dir a Behandlung sinn, hunn ech eng Verännerung erlieft, déi ech virdrun net
fir méiglech gehalen hätt. Meng Gedanken an och mäin Handelen hunn eng nei, positiv
Richtung geholl – an dat huet sech bei mir souguer relativ séier gewisen. Ech war scho laang
net méi sou frou an ausgeglach wéi elo. A wa mol e Réckfall kënnt, stees du engem zur Säit.
Du bass immens mënschlech, authentesch an hues ganz grouss Kompetenzen. Du kanns
nolauschteren ouni vill Froen ze stellen, a schaafs eng Atmosphär, an där ee sech sécher fillt a
sech opmaache kann, ouni Angscht virun Virurteeler. Schonn vun der éischter Sëtzung un hat
ech grousst Vertrauen an dech an hu mech direkt wuel gefillt.
D’Hypnose ass bei dir definitiv keen „Hokuspokus“, mee eng seriéis a ganz wierksam
Behandlungsmethod mat bemierkenswäerte Resultater. Ech gesinn dech als e Meeschter a
dengem Domaine an eng grouss Beräicherung fir deng Patient(innen).
Ech kann nëmmen all Mënsch encouragéieren, dëse Schrëtt ze maachen. Fir mech perséinlech
war et eng vun de beschte Decisiounen a mengem Liewen.
S.S.
E Merci wor fir mech nach net mat souvill Emotiounen verbonnen wéi dest keier.
MERCI Dan datts du mir mat denger Hypnose mee och mat denger immens menschlescher Art souvill gehollef hues.
Main Fouss Wéi huet mech zreck gehaalen d’Liewen richteg ze genéissen, d‘Peng wor main konstante Begleeder.
Als Sportler ass daat eng haard Noss net méi där Leidenschaft nogoen ze kennen déi engem alles bedéit.
Seitdem mir ugefaangen hun geet et mir vill besser an ech spieren do ass nach villes méiglech. Meng Gedanken kreesen net mei permanent em main Fouss an ech hun nees eng gewessen Liewensfreed zereck déi op der Streck léien bliwwen wor.
Ech kann nemme jiddereen ermutegen d‘Hypnose ze probéiren. Et ass keng Zauberei. Wann een eppes an sengem Liewen ännere well, muss een de Wee selwer goen. Duerch d‘Hypnose geet et awer vill mei liicht.
N.S.
"Léiwen Dan, ech sinn immens frou, dass ech mech op d'Aventure vun der Hypnos agelooss hunn. Deene Leit, di zécken, kann ech nëmme soën, dass et net deen Hokus-Pokus ass, fir deen et oft gehal gëtt. Mir fir mäin Deel huet et gehollef, mi befreit a positiv u Verschiddenes erunzegoen, an en anere Bléckwénkel ze kréien. Maueren, di mer am Wee stoungen, sinn zu mi klenge Koppe ginn, op déi ech mech trauen eropzeklammen. Ech denken, dass ech nach weider Verbesserungen duerch d'Hypnos wäert kënne erliewen, di éischt war ganz positiv an ech si fest dovunner iwwerzeegt, dass nach Potenzial ka fräigeluecht ginn. Merci dir 🙏"
K.S.
"Ech hun selten e Mënsch/Therapeut/Spezialist gesin, deen esou 100% séngem Optrëtt um Internet entsprëcht. Du bass d'Definitioun vun authentësch. Bravo!
Du hues en Don fier mat Kanner ze schaffen, dat taascht e Blannen mam Bengel. Gudd, dass Du dech selbstänneg gemaach hues, ier däin Idealismus vun Verzweiflung d'Bréck erofgesprongen wier."
C.M.

NEIEGKEETEN
HypnoKids
Kannerhypnos no der HypnoKids®-Method hëlleft mat enger kandgerechter an altersgerecht ugepasster Regressioun d'Ursaach vum Problem do ze erkennen, wou se entstanen ass.
Mat Hëllef vu spillereschen a positiven Elementer gëtt dës Ursaach op eng douce Aart neutraliséiert – sou datt däi Kand méi Selbstvertrauen a Selbstwäertgefill entwéckele kann.
fir e fräit a glécklecht Liewen am Hei an Elo.
Simpson Protocol
De Simpson Protocol ass eng hypnotesch Technik, déi Zougang zu besonnesch déiwen Niveauen vum Ënnerbewosstsinn fir do Heelung a Léise vu Problemer ze erméiglechen ouni onbedéngt mussen iwwert déi Themen ze schwätzen oder Situatiounen nach eng Kéier ze erliewen.
Reportage RTL Live! Planet People

WIEN ECH SINN
Mäin Numm ass Dan Thuy.
Nodeems ech 24 Joer laang als Schoulmeeschter geschafft hunn, war et 2023 un der Zäit fir en neit berufflecht Kapitel opzeschloen.
Ech hunn eng Ausbildung zum NGH zertifiéierten Hpynosetherapeut gemaach an dunn nach eng ganz Rei Weiderbildungen a verschiddenen Themeberäicher.
Meng Erfarung als Enseignant a meng Formatioun als Visualisatiounscoach an der Method MindTV sinn eng optimal Viraussetzung fir mat Kanner a Jugendlechen ze schaffen.
Meng Erfarungen als Laangstreckeleefer a meng Ausbildung an der Sportshypnose erlabe mir och am sportleche Beräich ze wëssen op wat et um mentale Plang ukënnt fir seng Ziler ze erreechen.
An engem Kader vun absolutter Confidentialitéit, géigesäitegem Respekt an ouni jegleche Jugement mee mat der néideger Empathie, géif ech mech freeën wann ech och dir kéint hëllefen déi Léisungen an Äntwerten ze fannen déi's du schonn an dir dréis fir däi beschtméiglecht Liewe kënne ze féieren.
